Crazy Town, Placebo & Justin Bieber

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 14.04.2016, 11:12:22

© FADEL SENNA / AFP

Butterfly vu Crazy Town ass um 14. Abrëll 2001 zur Nummer 1 vum Eldo Chartbreaker ginn, an dat direkt fir 5. Wochen. 13 Deeg nodeems de Song bei eisen däitsche Noperen d’Spëtz vun den Charts erklommen, sollt d’Lidd vum Album „The Gift of Game“ och bei eis d’Plaz 1 anhuelen. De Song stoung bei eise Noperen iwwregens genee esou laang ganz uewen, nämlech 5. Wochen um Stéck.

Direkt op 2 Deeg hannerteneen sollte Placebo viru 15 Joer zu Lëtzebuerg spillen. Um 14 an um 15 Abrëll 2001 hu si den Atelier gefëllt gehat. Schonn 2 Joer virdrun hunn d’Museker vu London 2. Mol d’Hal an der Hollerecherstrooss gefëllt gehat. 12 Milliounen Alben hu si bis wëll verkaf.

Haut virun 3 Joer sollt den Justin Bieber fir e Shitstorm an Holland suergen. De Museker huet am Kader vu sengem Optrëtt zu Amsterdam den Anne Frank Musée besicht a sech am Guestbook veréiwegt. Doran huet hie geschriwwen, dat en hoffe géif, d’Anne Frank wier e Bieber Fan, also e Belieber ginn. Eppes wat de Fans am Netz guer net gefall huet. D’Note hat d’Anne Frank Haus gepost, ma et waren och si, déi de 19. Järegen duerno a Schutz geholl hunn, an de Kommentar erofgespillt hunn.