
© NORBERTO DUARTE / AFP
“The Most Beautiful Girl in The World” war dem Prince seng 37. Single, an déi alleréischten déi et an de UK Single Charts op d’1 gepackt huet. Dat war haut virun 22 Joer. De Song war d’Leadsingle vum Album “The Gold Experience”, dem 17. Album vum Amerikanesche Museker.
“Galvanize” vun de Chemical Brothers sollt virun 11 Joer zur 1 am Eldo Chartbreaker ginn, wann och nëmme fir 8 Deeg. Um Album “Push The Button” war de Song als éischte Release drop. 1 Grammy gouf et fir de briteschen Electronic Duo och, an der Kategorie “Best Dance Recording”.
Fir säi Liewenswierk ass de Lionel Richie an dësem Joer bei de Grammy Awards ausgezeechent ginn, méi ewéi 100 Milliounen Records huet en a senger Carrière, déi 68 ugefangen huet, verkaf an haut virun 9 Joer war dee Mann bei eis am Land op Besuch. Am Kader vu senger Coming Home Tour huet hien an der Rockhal gespillt.
Gebuertsdag huet haut den Aliaune Thiam, bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Akon. Den US-Amerikanesche Produzent a Museker feiert säin 43 Gebuertsdag. „Lonely“ war 2005 säin éischte groussen Hit.