Opus, The Fine Young Cannibals & Jennifer Lopez

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 18.04.2016, 14:12:33

© FREDERIC J. BROWN / AFP

Et ginn um 15. Abrëll haut, 31 Joer dat Opus d’Spëtzepositioun vun den däitsche Single Charts ageholl hunn. Hire „Live is Life“ vum Album mam nämmlechten Titel sollt 7. Wochen op der Plaz 1 bleiwen. Et sollt de gréissten Hit vun den Éisträicher aus der Steiermark ginn. D’Band gëtt iwwregens haut nach.

The Fine Young Cannibals sollten am Joer 89, um Dag vun Haut d’US Single Charts anhuelen, dat mat hirem Hit „She Drives Me Crazy“. De Song vum Album “The Raw and The Cooked” war fir e Grammy an der Kategorie “Single of the Year”. Et sollt de gréissten Hit vun de britesche Museker ginn.

Nach eemol däitsch Single Charts. Plaz 1 viru 5 Joer fir d’Jennifer Lopez an de Pitbull an „On The Floor“. 5. Wochen huet den Hit vum Album “Love?” d’Spëtzepositioun ageholl. Bei Youtube si grad emol 27 Video’e méi oft gekuckt ginn, wéi den. 920 Millioune Views huet „On The Floor“.