Morrissey, Charlie Puth & Victoria Beckham

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

17.04.2016, 05:25:08

© JUSTIN TALLIS / AFP

An engem Hotel zu Seattle an den USA, hu Nirvana haut virun 25 Joer e ganz neie Song fir eng éischte Kéier Live performt. Dat sollt kee gerengert Lidd sinn, wéi „Smells Like Teen Spirit“. D’Lidd vum Album „Nevermind“ sollt de gréissten Hit vun der Band ëm de Kurt Cobain ginn.

De britesche Museker Morrissey ass haut viru 7 Joer bei engem vun de gréisste Festivaller op der Welt e bëssen aus der Roll gefall, beim Coachella Festival a Kalifornien. De bekennende Vegetarier huet op der Bühn dem Publik matgedeelt, dat hien d’Bühn elo géif verloossen, wëll hien Fleesch geroch huet. Leit déi um Camping niewendrun am grille waren, hunn hien anscheinend esou gesteiert, dat hien net weider spille konnt. Nodeems hien vun der Bühn war, sot en de Geroch vu brennenden Deiere géif hie krank maachen.

1 Joer gi mir zreck an der Zäit, op der 17. Abrëll 2015, den Dag wou den éischten Hit vum Charlie Puth, d’Plaz 1 an Däitschland ageholl huet. De Song „See You Again“ huet hie geschriwwe gehat, de Piano dra gespillt an de Refrain gesongen an dat un der Säit vum Wiz Khalifa. 4. Woche sollt „See You Again“ op der Plaz 1. bleiwen. D’Lidd ass Soundtrack zum Fast 7 Film gewiecht a gelt als eng Art Tribute Song fir de verstuewene Schauspiller Paul Walker.

An de freiere Spice Girl Member, d’Posh Spice huet haut Gebuertsdag. D’Fra vum David Beckham, d’Victoria Beckham kritt 42 Joer.