
© ANDREW COWIE / AFP
Haut virun 10 Joer hunn d Briten en Deel aus dem 92er U2 Hit „One“ zur schéinste Linn aus engem Song gewielt. D’Linn „One life, with each ohter, sisters, brothers“ war di beléiftesten. Mat an der Topauswahl war och d’Nirvana Zeil “I feel stupid and contagious, here we ware now, entertain aus”, aus der Single "Smells Like Teen Spirit".
Di schottesch Sängerin Duffy stoung haut virun 8 Joer fir 8 Deeg op der 1. vum Eldo Chartbreaker. Seng Single „Mercy“ sollt während der Woch di meeschte Stëmme vun Iech iwwert Eldo.lu kréien. D’Lidd war drop um héichgelueften Debutalbum „Rockferry“. Ma méi wéi en 2. Album, 2. Joer duerno sollt net méi nokommen. D’Musekerin huet Problemer mam Drock gehat. Doduerch huet hat sech komplett aus dem Musekbusiness zréckgezunn. Lo steet d’Duffy a klenge Rolle virun der Kamera.
7 Joer ginn et, dat „Boom Boom Pow“ vun de Black Eyed Peas d’US Single Charts Spëtz fir houfreg 12 Wochen ageholl huet! D’Lidd war um Album „The E.N.D“ drop a gouf vun der nächster Black Eyed Peas Single „I Gotta Feeling“ vun der Spëtz geheit. „I Gotta Feeling“ sollt esou guer 14 Wochen op der 1 vun den Charts stoen.