
© ROBYN BECK / AFP
2. Woche Spëtzepositioun an de US Single Charts um 19 Abrëll 1986, also virun 30 Joer fir dem Prince säi “Kiss” aus dem Film “Under The Cherry Moon”. De Song war zesumme mat The Revolution an ass mat Grammy an der Kategorie “Best R&B Vocal Performance by a Duo or Group”. D’Lidd gëtt vun NME Magazin zu den 150 gréisste Songs vun allen Zäite gezielt.
Dem Robbie Williams säin Debutsolo-Album ass haut virun 18 Joer a senger britescher Heemecht un d’Spëtzepositioun vun den Album Charts geklommen. Den Album mam Titel “Life Thru A Lens” sollt sech 2,4 Millioune mol verkafen a ganzer 218 Wochen, also iwwer 4 Joer an de UK Album Charts halen. Um Longplayer drop sinn d’Hits „Angels“ a „Let Me Entertain You“.
Haut virun 2 Joer sollt der schwedescher Musekerin Tove Lo de Sprong vun der 26 op d’1 vum Eldo Chartbreaker glécken. Fir d’Debutsingle „Habits“ sollt no enger Woch awer nees Schluss sinn, mat der Spëtz vum Eldo Chartbreaker. D’Lidd war um Album „Queen of the Clouds“ drop a sollt hat op der ganzer Welt bekannt maachen.
Gebuertsdag huet den däitsche Museker Gentleman. De Museker deen an der leschter Woch e Concert zu Lëtzebuerg annonceiert huet, kritt haut 41 Joer. E kennt den 2. September an den Atelier.