Santana, Destiny's Child & Beyonce feat. Shakira

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 22.04.2016, 05:01:01

© TIMOTHY A. CLARY / AFP

Fir 2. Woche sollt dem Santana säi “Maria Maria” sech haut viru 16 Joer un der Spëtz vum Eldoradio Chartbreaker setzen. D’Lidd mam The Product G&B krut 15 Mol Platin, ee Grammy a gehéiert zu den Erfollegräichsten Lation Lidder vun allen Zäiten.  D’Lidd war um Santana sengem 17. Album „Supernatural“ drop.

D‘Girlsband Destiny’s Child ass um 22. Abrëll 2001 mat hirem „Survivor“ zum Number One Hit a Groussbritannien ginn. Fir den Trio ëm d’Beyonce sollt et no „Independent Women Part I“ den zweete Number One Hit op der britescher Insel sinn. Dat war virdru nach kengen US-Girls Band gegléckt. Fir d’Musekerinne gouf et och e Grammy an der Kategorie Pest R&B Performance by a Group fir d’Single “Survivor”.

Et ass de Beyonce Dag: „Beautiful Liar“ vum Duo Beyonce & Shakira ass haut viru 9 Joer op d’Platz 1 vu de UK Single Charts geklommen.  D’Lidd war um Re-Release vum Beyonce sengem 2. Soloalbum “B’Day” drop a krut e en Award bei den MTV Video Music Awards.

Den däitsche Rapper, Singer-Songwriter a Produzent, Max Herre kritt haut 43. Joer.