
© TOBIAS KLEINSCHMIDT / DPA / AFP
11 Joer ginn et dat dem Mario säin “Le Me Love You” fir ee Samschden op d’1 vum Eldo Chartbreaker geklommen ass. Den R&B Museker hat kuerz virdrun en zweeten Album mam Titel “Turning Point” erausbruecht gehat. „Let Me Love You“ sollt an den USA an a Groussbritanien d‘1 vun den Charts anhuelen an dem Mario säi gréissten Hit ginn.
E batteren Dag haut virun 8 Joer fir di mettlerweil verstuewe britesch Musekerin Amy Winehouse. D’Sängerin hat e bessen ze vill gedronk an och nach Droge konsumeiert an an dem Zoustand ass hat an e Pub komm. Do huet hat een, dee grad am Billard spille war an d’Gesicht geschloen, wëll den hat net matspille loosse wollt. Hat huet de Pub verloos an ass an de nächste weidergezunn. Och do ass hat negativ opgefall andems et am Pub gebläert huet, hat wier eng Legend a willt elo Drogen huelen, dowéinst sollt jidderee verschwannen. Virun der Dier wollt e Mann him hellefen an him en Taxi ruffen. A sengem Rausch huet d’Winehouse dat awer messverstaanen an dem Mann e Coup de Boule ginn.
Haut huet den Taio Cruz Gebuertsdag. De britesche Museker kritt 31 Joer. Mat „Break Your Heart“ hat hien am Joer 2009 en éischten Hit.