
D'Lisa "Left Eye" Lopes steet ganz riets. © DON EMMERT / AFP
D’TLC Sängerin Lisa Lopes ass haut viru 14 Joer an engem Autosaccident ëm d’Liewe komm. Di 30 Joer al Sängerin war op der Camionnette an der 7 aner Leit sutzen, gefuer. Déi aner Memberen am Auto goufen all vergläichweis liicht verletzt. D’Musekerin déi Left Eye genannt ginn ass, war am Honduras fir do un engem Solo-Projet ze schaffen.
“4 Minutes to Save The World” vum Madonna an dem Justin Timberlake ass bei eisen däitsche Noperen haut virun 8 Joer zum Nummer 1 Hit ginn. 3. Woche laang sollt de Song vum Madonna Album „Hard Candy“ un der Spëtz bleiwen. 2 Grammy Awards gouf et fir de Song. Ee fir de beschte Pop Duo an 1 fir de beschte Remix.
Virun 2 Joer huet Spotify um 25. Abrëll en Album vun hirer Säit geholl, wëll näischt drop. Den Album vun der Funk Band „Vulfpeck“ war mat 10 Lidder gefëllt, ma en Toun ass dobäi net eraus komm, et och näischt drop um Album. D’Band hat d’Fans opgeruff hiren Album iwwer Nuecht op Repeat lafen ze loossen, esou dat si genuch Sue géifen era kréie fir kennen op Tour ze goen.