Arctic Monkeys, Mighty Oaks & Kelly Clarkson

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

24.04.2016, 04:50:32

© Eldoradio

Den 2. Arctic Monkeys Album „Favourite Worst Nightmare“ ass viru 9 Joer am Abrëll eraus komm. Um 24.04.2007 gouf bekannt, dat sech keen Album esou oft an der éischter Woch verkaf hat wéi den. Alleng den éischten Dag gouf e 85.000 mol verkaf, esou oft wéi dei aner 19 Alben aus der Top 20 vun de UK Album Charts zesummen. Di 12 Songs vum Album hunn et zäitgläich an d’Top 20 vun den UK Album Charts gepackt. 2 Mol Platin an 2 Number One Singlen waren um Longplayer un den Arctic Monkeys drop. Een dovun war hiren Hit „Fluorescent Adolescent“.

D‘ Museker vun de Mighty Oaks sollten haut virun 2 Joer am Club vun der Rockhal spillen. D’Berliner Band ouni däitsche Museker dran hunn 2010 en éischte Kéier op sech Opmierksam gemaach. Ma spéitstens säit hirem éischten Album „Howl“ am Joer 2014, mat der Single „Brother“ kennt ee Si. Eigentlech hätt den Optrëtt am Café vun der Rockhal sollte sinn, am wéinst der grousser Nofro ass en an de Club verluecht ginn.

D’Kelly Clarkson huet haut Gebuertsdag. Di US-Amerikanesch Sängerin a Gewënnerin vun der éischter American Idol Staffel am Joer 2002 kritt haut 34 Joer. 24 Milliounen Alben a 39 Millioune Singlen huet hat verkaf. Eng Rëtsch Grammy-Awards ginn och op säi Konto. Och de britesche Museker Ben Howard gëtt haut méi al. Hie kritt 29 Joer.