Van Halen, Shaggy & Pink

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 26.04.2016, 15:44:02

© VALERY HACHE / AFP

Den éischte Van Halen Album ouni den David Lee Roth sollt haut virun 30 Joer d‘1 vun de US Album Charts anhuelen. Den Album mam neie Lead-Sänger Sammy Hagar sollt 3. Wochen op d‘1 klammen. Den Titel vum Album 5150 hu si aus engem kalifornesche Gesetz, iwwert eng Psychesch Steierung vun enger Persoun.

“It Wasn’t Me” vum Shaggy an dem Ricardo RikRok sollt um 26. Abrëll 2001 d’Plaz 1 vun de Single Charts an Australien anhuelen. De Song vum Jamaikaner sengem Album “Hot Shot” erzielt vun engem Mann deen e Kolleg freet, wat e maache soll, nodeems e vu senger Partnerin mat enger anerer Fra erwescht ginn ass.

Et ass 3 Joer hier dat d’Pink d’Leaderpositioun an den däitsche Single Charts ageholl huet. Säin Hit “Just Give Me a Reason” sollt fir 2. Wochen d’Plaz 1 anhuelen. D’Lidd, dat fir e Grammy nominéiert war an um Pink sengem 6. Album „The Truth About Love“ drop ass, huet d’Sängerin mam Nate Ruess, dem Sänger vun der Band Fun opgeholl.