
© Dani R. / Eldoradio
D’Hard Rock Museker vu Mr. Big sollte mat hirem soften Hit “To Be With You” um 27. Abrëll 1992 d’Plaz 1 vun den däitsche Single Charts anhuelen. D’Lidd sollt a 15 Länner op d’1 vun de Verkafscharts klammen. D’Lidd war de leschte Song vun hirem 2. Album “Lean Into It”.
2 Wochen 1 vum Eldo Chartbreaker um 27. Abrëll 2013 fir d’Imagine Dragons an hiren Radioactive. De Song war hiren éischten Hit vun der Debut-EP Continued Silence EP, déi am Februar 2012 erauskomm ass. Um Debutalbum deen am September 2012 eraus komm ass, war de Song och als 2. Release drop. Et sollt hiren éischte Number One Hit am Eldo Chartbreaker sinn. 10 mol Platin huet d’Single alleng an hirer heemescht, an den USA kritt.
2 Joer ginn et dann haut dat Klangkarussell am Club vun der Rockhal gespillt hunn. Den Produzenten-Duo aus Éisterräich huet mat Sonnentanz kuerz virdrun en absolute Mega-Debut-Hit gelant. Dat ass e Song deen di 2 allerdings net méi esou gäre live spillen, wëll se net wëllen dat hir Musek op 1 Lidd reduzéiert gëtt.
De Fall Out Boy Sänger Patrick Stump huet haut Gebuertsdag. Hie kritt 32 Joer.