Cro, Emeli Sande & Beatsteaks

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

28.04.2016, 05:19:21

© Caroline Martin / Eldoradio

4 Joer ginn et haut dat dem Cro säin éischten Hit “Easy” déi iewescht Positioun vum Eldo Chartbreaker sollt anhuelen. D’Lidd dat schonn am November vum Joer virdrun eraus komm ass, huet e bëssen Ulafszäit gebraucht a konnt sech um Enn eng Woch op der 1 vum Chartbreaker halen. „Easy“ war drop um éischte Cro Album „Raop“ a sollt 3 mol Platin an Däitschland kréien.

63 Wochen hannerteneen an der Top, dat huet haut virun 3 Joer di britesch Musekerin Emeli Sande mat sengem Debutalbum „Our Version Of Events“ gepackt. Am Februar vum Joer virdrun ass den Album erauskommen  an d’Top 10 vun de briteschen Charts erageklommen. An um Datum vun haut virun 3 Joer sollt e Beatles-Rekord geknackt ginn, nämlech dee vun engem Debutalbum dee sech am längsten an den Top 10 vun de UK Album Charts gehalen huet. Dem Emeli Sande säin éischte Longplayer sollt och den Album vum Joer 2012 ginn.

Viru 9 Joer hunn d’Berliner Museker vun de Beatsteaks zu Lëtzebuerg am Club vun der Rockhal gespillt. De Martin Solveig sollt op dem Datum am Joer 2012 an der Rockhal op der Bühn stoen.

Den däitschen Tropical House DJ Robin Schulz huet haut Gebuertsdag a kritt 29 Joer.