Take That, Avril Lavigne & Queen

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

29.04.2016, 05:19:52

© DENIS CHARLET / AFP

Et si schonn 21 Joer hier dat Take That d’Charts mat hirem Back for Good erklommen hunn. An um Datum vun haut, sinn si fir 5. Wochen op d’Plaz 1 zu Lëtzebuerg am Eldoradio Chartbreaker geklommen. De Song vum Album „Nobody Else“ war vum Sänger Gary Barlow geschriwwen a produzéiert ginn a sollt an op mannst 9 Länner d‘1 vun den Charts anhuelen.

Den 3. Album vun der kanadescher Sängerin Avril Lavigne ass haut virun 9 Joer op op d‘1 vun den US Album Charts geklommen. Den Album mam Titel „The Best Damn Thing“ sollt sech iwwer 10 Millioune mol verkafen. Den Album mat de Singlen „When You’re Gone“, „Hot“ a „Girlfriend“ sollt de leschte richteg erfollegräichen Album vum Avril Lavigne ginn.

Iwwer 9500 Euro huet en anonyme Queen Fan haut viru 7 Joer bezuelt, fir 2 Stonne Gittarsunterrecht vum Queen Member a Grenner Brian May ze kréien. D’Auktioun vum Brian May war fir e gudden Zweck an en Erfolleg fir de Fan a fir de May.