This Day In MusicColdplay, Robbie Williams & Ray Parker Jr.

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 09.05.2016, 16:50:30

© NISHANT JHAMB / AFP

D’Coldplay Single “Speed of Sound” ass haut virun 11 Joer ganz nei an d’US Single Charts op d’Plaz 8. erageklommen. Eng New Entry direkt an der Top vun de US Single Charts war 37 Joer laang kenge britesche Museker méi gegléckt. Déi lescht waren d’Beatles am Joer 68 mat „Hey Jude“.

Fir 4. Wochen ass haut virun 21 Joer d’Band ëm de Robbie Williams, Take That op d’1 vun den däitsche Single Charts geklommen, an dat knapp e Mount nodeems et an hirer britescher Heemecht d’Charts erklommen hat. D’Single sollt sech an der éischter Woch ronn 300.000 mol verkafen a war um 3. Take That Album „Nobody Else“ drop.

Haut virun 20 Joer hunn Everything But The Girl zu Lëtzebuerg am Atelier gespillt. De briteschen Duo hat mat der Single “Missing” en Hit am Joer 1995 gelant.

Gebuertsdag huet haut de Ray Parker Jr. Hie kritt 62 Joer. De Ray Parker Jr. Huet 1984 den Theme Song zum Ghosterbusters Film mam gläiche Numm erausbruecht. D’Lidd sollt 3. Wochen d’Plaz 1 vun de US Single Charts anhuelen an et an England op 2. packen.