This Day In MusicR.E.M, Kings Of Leon & Lily Allen

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 09.05.2016, 16:50:27

© MAURICIO DUENAS / AFP

Den R.E.M Video zu “Losing My Religion” ass vum 2. Mee 1991 un net méi an Irland gewise ginn. Am Clip waren Anti-Religious Biller, déi net fir de Publik geduecht waren, esou gouf et entscheed an d’Lidd vun den all den Teleschaine verbannt.

Den éischten Optrëtt an Europa haten d’Kings Of Leon op engem 2. Mee, nämlech haut virun 13 Joer. Si hunn deemools am Englesche Blackpool gespillt. Si sollten an dem Joer och hiren éischten Album „Youth and Young Manhood“ erausbréngen. En Album dee sech ëmmerhin iwwert 1. Millioun mol op der ganzer Welt verkaf huet. De Ganz grousse Succès koum awer richt am Joer 2008 mam 4. Album „Only By the Night“ an de Singlen „Sex on Fire“ a „Use Somebody“.  

Zu Lëtzebuerg sollten op engem 2. Mee an de leschte Joeren Madcon a Fettes Brot op der Bühn stoen. Madcon waren am Joer 2009 am Atelier op Besuch. E Joer duerno sollte Fettes Brot an der Rockhal spillen.

Di britesch Popsängerin Lily Allen huet haut Gebuertsdag a kritt 31. Joer.