This Day In MusicMichael Jackson, Ellie Goulding & James Brown

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 09.05.2016, 16:50:25

© Dani R. / Eldoradio

“Blood On the Dancefloor“ vum King Of Pop Michael Jackson ass haut viru 19 Joer zum Number ONe Hit vun de UK Single Charts ginn. De Song war di éischte Single vum Jacko sengem Remix-Album “Blood On The Dancefloor: HIStory in the Mix” drop a war eigentlech schonn am Joer 91 geschriwwe ginn. Allerdings ass de Song 6 Joer laang net verëffentlecht ginn.

D’Ellie Goulding hat säin éischten Optrëtt zu Lëtzebuerg op engem 3. Mee, nämlech haut virun 3 Joer. Et stoung am Atelier op der Bühn. D’Musekerin sollt an dësem Joer zréck an de Grand-Duché kommen an de 29. Februar an der Rockhal spillen.

De Rea Garvey, Museker a Sänger vun der Band Reamonn wéi och Jury-Member bei The Voice of Germany huet haut Gebuertsdag. Hie kritt 43 Joer. Och d’US-Soul Legend James Brown hätt haut Gebuertsdag gehat. De Museker h ätt 83 Joer kritt, ma hien ass op Chrëschtdag am Joer 2006 verstuerwen.