
© TIMOTHY A. CLARY / AFP
20 Joer ginn et haut dat d’Alanis Morissette fir 6. Wochen op d‘1 vun de UK Album Charts geklommen ass. Um Longplayer “Jagged Little Pill” waren d’Hits „You Oughta Know“, „Hand Over Feet“ an „Ironic“ drop. Fir 9 Grammy Awards war den Album nominéiert, der 5. huet en der gewonnen, dorënner dee fir den Album vum Joer. 33 Millioune mol ass „Jagged Little Pill“ bis haut verkleed ginn.
Den 11. Madonna Album "Hard Candy" ass um 4. Mee 2008 als New Entry op d‘1 vun de UK Album Charts erageklommen. De Longplayer sollt 3 Wochen uewe bleiwen. Den 11. Album vun der Queen of Pop sollt den 10. sinn deen déi Positioun anhellt. Zäitgläich mam Album stoung och d’Single „4 Minutes“ un der Spëtz vun de UK Single Charts.
D’Rihanna war haut viru 6 Joer bei eis am Land op Besuch. Et sollt viru ronn 6.000 Leit an der Rockhal spillen. D’Musekerin war am Kader vu senger „Rated R“ Tour op Besuch. 23 Lidder stoungen op senger Setlist, dorënner och eng Coverversioun vum Oasis Hit „Wonderwall“. Ma awer och seng grouss Hits waren dobäi. Ugefangen huet et mat „Russian Roulette“ an opgehale mat „Umbrella“.