
© FREDERIC J. BROWN / AFP
Radiohead hunn op engem 5. Mee, viru 24 Joer hir éischten EP erausbruecht. 3.000 mol gouf d’EP gedréckt an ass an de UK Album Charts op d’Plaz 101 erageklommen. Grad emol 4. Lidder waren op der „The Drill EP“ drop. Si sollte kuerz duerno am nämmlechte Joer d’Single „Creep“ erausbréngen a weltwäit bekannt ginn.
Viru 4 Joer huet sech den éischte groussen Of Monsters And Men Hit fir 3. Wochen op d’1 vum Eldo Chartbreaker gesat. Den Hit “Little Talks” vum Album “My Head Is An Animal” sollt der islännescher Band zu internationalem Succès verhëllefen. Zwou Millioune mol huet d’Lidd sech alleng an den USA verkaf.
Säin 28 Gebuertsdag feiert haut d’Adele Laurie Blue Adkins. Di britesch Musekerin huet virun 8 Joer den Album „19“ erausbruecht an domat eng mega Carrière un d’Rulle bruecht. D’Adele huet an de leschte Joeren eng sellege Rekorder gebrach, esou och mat sengem leschten Album „25“ deen am November erauskomm ass. Dem Adele säi Vermeige gëtt op iwwer 100 Milliounen Euro geschat. Och de Chris Brown huet haut Gebuertsdag. Hie kritt der 27 a fir de Craig David ass et den 35 Gebuertsdag.