This Day In MusicBee Gees, Geri Halliwell & Depeche Mode

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 09.05.2016, 16:50:14

© OLI SCARFF / AFP

Fir direkt 18 Wochen ass de Soundtrack zum Saturday Night Fever Film op d’1 vun de UK Album Charts geklommen. Dat war haut virun 38 Joer. Den Album, op dem 7. Songs vun de Bee Gees drop sinn, huet sech bis haut iwwer 30. Millioune mol verkaf. Drop si vun hinnen e.a d’Hits „Night Fever“ a „Stayin‘ Alive“. Den Album sollt et an de US Album Charts esou guer nach méi laang op der 1. aushalen, nämlech 24 Wochen.

Dem Geri Halliwell seng Versioun vun „It’s Raining Men“ ass um 6. Mee 2001 op d‘1 vun de UK Single Charts geklommen. Säi 4. Number One Hit an der Heemecht. Allerdings ass de Song eng Coverversioun vum 84. Weathter Girls Hit.

Haut viru 7 Joer waren Depeche Mode zu Lëtzebuerg an der Rockhal. D’britesch New Wave Museker hu fir eng ausverkafe Rockhal gesuergt, 2 Zugabe mat insgesamt 22 Songs gesuergt. Am Kader vun hirer „Tour Of The Universe“ hu si bei eis Statioun gemaach ma hir Setlist war anescht par Rapport zu aneren Optrëtter op der Tour. D’Songs „Master and Servant“ wéi och „Strangelove“ hu si fir di éischte Kéier säit 1990 Live performt. Et sollt insgesamt och hire längsten Optrëtt vun der ganzer Tour sinn.