
© TIMOTHY A. CLARY / AFP
Fir de Falco ass et um 9. Mee 1998 fir 1. Woch op d’1 vum Eldo Chartbreaker geklommen. Seng Single „Out of The Dark“ ass am Joer 91 original eraus komm, ma den Eisträichesche Museker ass um 6. Februar 1998 bei engem Autosaccident an der Dominikanescher Republic ëm d’Liewe komm, doropshin huet d’Lidd d’Charts op der Welt nees ageholl an ass och op d‘1 vum Eldo Chartbreaker geklommen.
Um nämmlechten Dag 1 Joer méi spéit, 1999 sinn d’Backstreet Boys fir déi éischte Kéier iwwerhapt an England un d’Spëtz vun den Charts geklommen. Dat mat hirem „I Want It That Way“, hirem 8. Top 10 Hit op der Insel. D’Lidd sollt an 25 Länner zum Top Hit ginn.
„Lonely“ vum Akon stoung haut virun 11 Joer op der éischter Plaz vun den UK Single Charts. „Hollaback Girl“ vum Gwen Stefani war d‘1 vun de US Single Charts an den Justin Timberlake stoung mam Snoop Dogg an der Single „Signs“ an Australien op der 1.
Plaz 1 an däitschland fir den Andreas Bourani a säin „Auf Uns“. Dat ginn haut 2 Joer. De Song vum Album „Hey“ sollt eng Woch uewe bleiwen a währender Fussballweltmeeschterschaft a Brasilien en Hit ginn.
Gebuertsdag huet haut de Billy Joel. Den US Amerikanesche Pianist, Sänger a Songwriter kritt 67 Joer. En éischten Hit hat hien am Joer 73 mat der Single „Piano Man“.