This Day In MusicCapital Cities, Sean Paul & Bono

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 10.05.2016, 07:43:18

© FADEL SENNA / AFP

Di éischte Single vum US-Duo Capital Cities ass um 10. Mee 2013, also haut virun 3 Joer  fir 2 Woche bei eise Noperen an Däitschland un d’Spëtz vun den Charts geklommen. D’Lidd “Safe And Sound” sollt nom Succès och op hirem Debutalbum “In A Tidal Wave Of mystery”  drop sinn. De Song war fir e Grammy Award an dem Joer nominéiert, ass awer eidel ausgaangen.

2 Joer ginn et dat de Sean Paul zu Lëtzebuerg gespillt huet. Hie war den 10. Mee 2014 an der Rockhal ze gesinn. Den Jamaikaner hat säi neisten Album „Full Frequency“ am Gepäck, seng gréissten Hits wéi „We Be Burnin‘“ oder „Temperature“ huet en awer och gespillt gehat.

De Sänger vu U2, de Bono huet haut Gebuertsdag. Hie kritt 56 Joer. Gebuer ass hien ënnert dem Numm Paul Hewson.  Mat der Band mëscht hie säit Mëtt der 70er Joere Musek. 13 Alben hu se bis haut erausbruecht, 22 Grammy’en hu se gewonnen a ronn 170 Milliounen Alben a Singlen hu se verkaf.