
© HO / AFP
Den éischte Beatles Album “Please Please Me” ass um 11. Mee 1963 op d’Plaz 1 vun de UK Album Charts geklommen a sollt 30 Wochen un der Spëtz bleiwen. Den 2. Album vun den Ausnahmemuseker huet de Longplayer um 7. Dezember 1963 vun der Spëtz gekickt. Deen Album mam Numm „With The Beatles“ sollt da nach eng Kéier fir 21 Wochen un der Spëtz vun de UK Album Charts bleiwen.
Den 11. Mee ass den Doudesdag vum Reagge Museker Bob Marley. Den Jamaikanesche Singer a Songwriter ass u Longekriibs an engem Tumor am Kapp am Joer 1981 verstuerwen. De Bob Marley ass 36 Joer al ginn. Zanter 1990 ass de 6. Februar, de Gebuertsdag vum Bob Marley, e Feierdag a senger Heemecht an Jamaika. De Museker ass den erfollegräichste Reagge-Museker vun allen Zäiten.
14 Joer ginn et haut dat The Calling mat “Wherever You Will Go” d’1 vum Eldoradio Chartbreaker ageholl hunn. D’Museker aus dem US Bundesstaat Kalifornien hu mat hirer éischter Single direkt e weltwäiten Hit gelant. D’Lidd war um Album „Camino Palmero“ drop an ass bis haut hirer gréissten Hit. 4. Woche sinn Si op un der Spëtz vum Chartbreaker bliwwen. 23 Wochen um Stéck stounge Si an hirer Heemecht an den Adult Top 40 Charts. Nach ni war eng an di selwecht Single esou laang op der 1 vun den Charts.