
© FREDERIC J. BROWN / AFP
2. US Single Charts Number One Hit haut virun 32 Joer fir de Lionel Richie a säin Hit „Hello“. “Hello” war op sengem 2. Album “Can’t Slow Down” drop, en Album dee direkt e puer mol Platin kritt huet. De Lionel Richie huet iwwer 100 Milliounen Alben a Single bis haut verkaf.
Haut ass e bankrott, ma virun 13 Joer war e nach erfollegräich, de 50 Cent stoung um 12. Mee 2003 an Däitschland op der 1 vun den Charts. Seng Single „In Da Club“ war den éischten Hit vu sengem Debutalbum „Get Rich or Die Tryin‘“. Den Album sollt an der éischter Woch op d‘1 vun de US Album Charts klammen a sech insgesamt iwwer 8 Millioune mol alleng an de States verkafen. Och d’Single „In Da Club“ sollt d’Chartspëtz a senger Heemecht anhuelen a fir e Grammy nominéiert ginn. D’Lidd ass an Däitschland fir 8. Deeg op der Plaz 1 bliwwen.
E Fuerscher entdeckt eng nei Spannenaart an huet d’Éier der Spann e Numm ze ginn. Säin eegene wëll e net huelen, also hellt en dee vu sengem Liiblingssänger, dem Neil Young. Zanter dem 12. Mee 2007 gëtt et eng Spann déi nom Kanadier benannt ass, genee heescht se Myrmekiaphila neilyoungi a gouf kuerz virdrun am US Bundesstaat Alabama entdeckt.