This Day In MusicMichael Jackson, Oasis, Stevie Wonder

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

13.05.2016, 04:54:44

© WALTER DHLADHLA / AFP

“They Don’t Care About Us” vum King Of Pop, Michael Jackson ass um 13. Mee virun 20 Joer un di däitsch Single Charts Spëtz geklommen. D’Lidd sollt 3. Wochen op der Plaz 1 bliwwen. De Song vum 9. Jackson Album „HIStory: Past, Present and Future, Book I sollt och vu P.O.D an enger Metalversioun gecovert ginn. An den USA huet dem Jacko säin Original allerdings just d’Plaz 30 vun den Charts erreecht.

Oasis hunn haut virun 20 Joer 330.000 Tickete fir Optrëtter am Summer 96 an den Emlaf bruecht. D’Tickete déi et scho fir ronn 22 £ gouf, waren a manner wéi 9 Stonne all vergraff. Ni virdrun huet eng britesch Band an esou kuerzer Zäit esou vill Tickete verkaf.

Gebuertsdag huet haut den Ausnahmemuseker Stevie Wonder. De Sänger, Songwriter a Multi-Instrumentalist kritt haut 66 Joer. De Museker dee kuerz no senger Gebuert blann ginn ass, huet am Alter vun 11 Joer en éischte Plackekontrakt ënnerschriwwen a bis haut 40 Chart-Hits an den USA gelant.