
© FABRICE COFFRINI / AFP
Haut virun 10 Joer ass de Red Hot Chili Peppers Album „Stadium Arcadium“ zum Number One Album an de UK Charts ginn. Fir 2 Woche sollt sech de9. Longplayer vun de Red Hot Chili Peppers un der Spëtz vun de UK Album Charts halen. Drop sinn d’Singlen “Dani California”, “Tell Me Baby”, “Desecration Smile” a “Snow (Hey Oh)”. Fir 7. Grammy’e war den Album nominéiert, 5 Präisser huet en ofgeraumt.
Good Charlotte hunn haut viru 9 Joer am Atelier gespillt. D’Museker hu kuerz virdrun hire 4. Album „Good Morning Revival“ erausbruecht gehat. Um Album drop waren d’Singlen “The River” an “Keep Your Hands Off My Girl” drop.
Et gëtt haut schonn e Joer dat de Blues Sänger, Songwriter a Gittarist B.B King verstuerwen. De B.B King ass um Moie vum 14. Mee net méi aus dem Schlof erwescht. Hien ass 89 Joer al ginn.
De britesche Museker Olly Murs kritt haut 32 Joer. Als 2 hat hien am Joer 2009 der Casting Show The X Factor ofgeschloss. E Joer duerno huet e seng éischte Single “Please Don’t Let Me Go” erausbruecht.