This Day In MusicEamonn, Green Day & June Carter Cash

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

15.05.2016, 04:43:20

© RAFA RIVAS / AFP

Plaz 1 am Eldo Chartbreaker haut virun 12 Joer fir den Eamonn a säi “F**k It”. Et war déi éischte Single vum US Amerikaneschen Singer a  Songwriter. Den Eamonn sollt e puer mol Platin fir seng Debutsingle kréien, ma duerno ass awer ni méi eppes groussen vun him nokomm.

 

Et ginn um 15 Mee och 7 Joer dat Green Day hiren 8. Album „21st Century Breakdown“ erausbruecht hunn. De Nofolger vum richteg erfollegräichen “American Idiot” Album sollt en Challenge fir d’Band sinn. Ganzer 45 Songs hunn d’Museker ëm de Sänger Billie Joe Amstrong geschriwwe gehat, 18 hunn et der op den Album gepackt. En Album deen an 3. Acts agedeelt ginn ass. Drop um Longplayer sinn d’Singlen „21 Guns“ a „Know Your Enemey“.

 

An de 15 Mee ass den Doudesdaag vum June Carter Cash. Der 2. Fra vum Country Museker Johnny Cash. D’June Carter ass 73 Joer al ginn an huet e.a um Johnny Cash sengem “Ring Of Fire” matgeschriwwe gehat.