
© KARIM SAHIB / AFP
“With Or Without You” vu U2 ass um 16. Mee 1987 un d’Spëtz vun de US Single Charts geklommen. De Song war den drëtte Release vum US Album “The Joshua Tree”, dem 5. U2 Album. De Song vun der irescher Band sollt et zäitgläich an den USA an a Kanada un d’Spëtz vun de Single Charts klammen.
Den éischte Keane Album „Hopes And Fears“ huet et um Dag vun haut, virun 12 Joer op d‘1 vun de UK Album Charts gepackt. Fir 4. Woche sollt de Longplayer mat de Singlen “Somewhere Only We Know” an Everbody’s Changing” un der Spëtz bleiwen. 9 mol Platin huet den Album “Hopes And Fears” kritt an et duerch de Succès vum Album gouf Keane eng grouss Carrière virausgesot. Allerdings ass et an de leschte Joeren däitlech méi roueg ëm d’Brite ginn.
D’Janet Jackson huet haut Gebuertsdag. D’Schwëster vum King of Pop kritt haut 50 Joer. D’Sängerin, déi 1973 am Museksberäich ugefangen huet Fouss ze faassen, huet bis haut 160 Milliounen Alben a Single verkaf. Den 3. Nirvana Grënnungsmember Krist Novoselic huet haut Gebuertsdag. De Bassist kritt haut 51 Joer.