This Day In MusicBackstreet Boys, Junior Senior & Passenger

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 17.05.2016, 08:16:19

© FREDERIC J. BROWN / AFP

“I Want It That Way” vun de Backstreet Boys ass um 17. Mee 1999 op d’Plaz 1 vun de Charts bei eisen däitsche Nopere geklommen a sollt 2. Wochen uewe bleiwen. De Song war fir e Grammy Award nominéiert an e war drop um 2. Album vun der Boyband, dem Album "Millenium". Alleng an den USA huet de Longplayer sech 11 Millioune mol verkaf. Iwwer 40 Millioune Kopien sinn op der ganzer Welt verkaf ginn.

Junior Senior an hiren Hit “Move Your Feet” sinn um 17. Mee 2003 fir 3. Wochen op d’Plaz 1 vum Eldoradio Chartbreaker geklommen. Den Däneschen Duo war 10 Joer am Beräich Indie Pop, Rock an Danz aktiv. Zanter 2008 gëtt et Junior Senior awer net méi. „Move Your Feet“ sollt hire gréissten Hit sinn. 2. Alben ginn op de Konto vun Junior Senior.

De „Let Her Go“ Sänger Passenger huet haut Gebuertsdag. Ënnert dem Numm Michael David Rosenberg ass de Passenger am Joer 1984 op d’Welt komm a kritt 32 Joer.
Och den Josh Homme, Member vun de Queens of the Stone Age an och Co-Grënner vun den Eagles of Death Metal huet haut Gebuertsdag. Hie kritt 43 Joer.