
© Eldoradio
Den éischte Number One Hit an de UK Single Charts haten haut virun 8 Joer The Ting Tings mat hirer Single „That’s Not My Name“. Den Duo vu Manchester hat 2 Deeg virdrun hiren Debutalbum “We Started Nothing” erausbruecht. Iwwert eng Hallef Millioun mol huet den Album sech alleng an hirer Heemecht verkaf. „That’s Not My Name“ war den 3. Release vum Album. Och um Longplayer drop war de Song „Shut Up And Let Me Go“.
Den éischte groussen Alex Clare Hit ass fir 8 Deeg an den däitsche Single Charts op d’Plaz 1 geklommen. Dat war de Song „ Too Close“ a gëtt haut scho 4 Joer. De Song sollt um éischten Album vum Brit drop sinn a gouf vu Major Lazor matproduzéiert. An Däitschland ass d’Lidd zwar op d‘1 geklommen, ma am Museker senger Heemecht ass et nëmme fir d’Plaz 4 vun de UK Single Charts duergaangen.
Den Jack Johnson huet haut Gebuertsdag. De Singer a Surfer vun Hawaii kritt haut 41 Joer.