
© ROBYN BECK / AFP
3 Joer nom Doud vum Bob Marley ass de Greates Hits Album „Legend“ vum Bob Marley and The Wailers erauskomm an haut virun 32 Joer ass den Album fir ganzer 12. Wochen op d’1 vun de UK Album Charts geklommen. Den Album huet sech iwwer 25 Millioune Mol weltwäit verkaf an zielt zu den Erfollegräichsten vun allen Zäiten. De meeschtverkaaften Reagge Album vun allen Zäiten ass de Longplayer deemno och.
Et ginn haut 15 Joer dat d’Gorillaz duerch di staark Verkafszuelen d’Spëtzepositioun am Eldo Chartbreaker ageholl hunn. Mat der Single “Clint Eastwood” sinn si fir 2. Wochen op der Plaz 1 bliwwen. De Song vun der virtueller Band war di aller éischte Gorillaz Single. 10 Joer nom Release, also am Joer 2011 sollt de Magazin NME de Song op d’Plaz 141 vun den 150 Beschte Songs vun de leschte 15 Joer setzen.
De britesche Museker, Grammy an Oscargewënner Sam Smith huet haut Gebuertsdag. Hien um 19. Mee 1992 gebuer a kritt haut 24 Joer. Virun 3 Joer huet hien seng éischte Single „Lay Me Down“ erausbruecht. Am Joer 2014 sollt säin éischten Album „In The Lonely Hour“ mat der Single „Money On My Mind“ erauskommen. De Soundtrack zum leschte Bond Film huet hien och geschriwwe gehat. Fir „Writing’s On The Wall“ sollt hien en Oscar kréien.