This Day In MusicMuse, Linkin Park & Rihanna feat. Jay-Z

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 20.05.2016, 09:29:52

© Eldoradio

Et ginn haut 15 Joer dat Muse zu Lëtzebuerg am Atelier gespillt hunn. Am Kader vun hirer „Origin of Symmetry Tour“  hu si bei eis Statioun gemaach a 16 Songs performt. Di britesch Museker sollten 1 Mount no hirem Optrëtt zu Lëtzebuerg hiren 2. Album och mam Numm „Origin of Symmetry“ erausbréngen.

 

3 Millioune mol huet sech den 3. Linkin Park Studioalbum „Minutes To Midnight“ alleng an den USA verkaf. De Album mat de Singlen „What I’ve Done“ an och „Bleed It Out“ ass haut viru 9 Joer un d’Spëtz vun de UK Album Charts geklommen. A 15 weider Länner sollt “Minutes To Midnight” d’Chartspëtz anhuelen.

 

10 Wochen Plaz 1 vun de UK Charts fir d’Rihanna an den Jay-Z mat “Umbrella”. An dat vum 20. Mee 2007 un. Den Duo sollt fir d’Single e Grammy kreien. „Umbrella“ war um Album „Good Girl Gone Bad“ drop a war den éischte Release vum Longplayer. D’Lidd sollt weltwäit en Erfolleg ginn an och d’Plaz 1 an de US Single Charts anhuelen.