This Day In MusicDavid Bowie, Adele & The Notorious B.I.G

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 23.05.2016, 10:56:26

© STAN HONDA / AFP

Number One an de US Single Charts um 21. Mee 1983 fir den David Bowie a säi “Let’s Dance”. Et war fir de Brit di éischte Kéier dat hien zäitgläich an Europa an an den USA op der Plaz 1 vun den Charts stoung. „Let’s Dance“ war op sengem 15. Album mam nämmlechten Titel drop a sollt um Enn vum Joer zu deene Lidder gehéieren, déi sech am meeschte verkaf haten.

 

Dem Adele säi Mega Hit “Someone Like You” ass haut virun 5 Joer mat äre Votingstëmmen op d’1 vum Eldo Chartbreaker geklommen. De Song vu sengem 2. Album “21” sollt de Song vum Joer ginn. 38 Wochen stoung d’Adele mat „Someone Like You“ an der Top 10 vum Eldo Chartbreaker an dovunner war hat fir 5. Wochen op der Plaz 1. Eng éischte Kéier um 21. Mee 2011. Fir de Mega-Hit huet d’Adele e Grammy-Award kritt. Zäitgläich ass säin Hit „Rolling In The Deep“ an de US Single Charts op d’Plaz 1 geklommen.

 

De Moby war virun 11 Joer zu Lëtzebuerg. En huet am Atelier gespillt.

 

The Notorious B.I.G hätt haut Gebuertsdag gehat. Et wier säi 44 Gebuertsdag gewiescht, ma de den US Amerikanesche Rapper deen ënnert dem Numm Christopher George Latore Wallace op d’Welt komm ass, ass um 9. Mäerz 1997 erschoss ginn. De Museker souz a sengem Auto a stoung bei enger rouder Luucht, wou en aus dem Auto niewendrun eraus erschoss ginn ass. Den Täter ass bis haut net fonnt ginn.