
© JOHN MACDOUGALL / AFP
“All That She Wants” vun Ace of Base ass haut virun 23. Joer an de UK Single Charts op d’Plaz 1 geklommen. Di Schwedesch Grupp sollt mam Hit an den USA net iwwert déi 2. Plaz ewech kommen. Laanscht dem Meat Loaf säin „I’d Do Anything for Love“ sinn se net komm gewiescht. Et war grad emol di 2. Single iwwerhaapt vun de Museker.
Direkt 2 Chartbreaker Number One Hits ass et an de leschte Joeren op engem 22. Mee ginn. Am Joer 1999 sinn d’Fanta 4 mat hirem Hit “M.F.G” fir 2. Wochen un d’Chartbreaker-Spëtz geklommen. Um Album 4:99 war de Song drop, et war de 5. Album vun de Stuttgarter Hip-Hoper. Den Album ass am Joer 2009 am Kader vum 20. Bühnenjubiläum vun Band iwwerschafft nach eemol op de Marché komm.
A Virun 6 Joer stoung pünktlech virum Start vun der Fussball Weltmeeschterschaft 2010 a Südafrika de K’Nan mat sengem WM-Hit “Wavin Flag” fir 4. Wochen op der 1 vum Chartbreaker. Et sollt de gréissten Hit vum Somalesch-Kanadesche Museker ginn.