
© Eldoradio
Den Duo Shanks & Bigfoot muss ee net méi onbedéngt kennen, ma hiren Hit „Sweet Like Chocolate“ erkenn dir sécher erëm. De Song huet et um 23. Mee 1999 op d’1 vun de UK Single Charts gepackt. Di 2. Britesch Producer hate sech fir de Song d’Vocals vum Sharon Woolf geséchert a sollten 2. Wochen un der britescher Chartspëtz bleiwen. Et sollt den eenzegen Hit fir den Duo ginn.
Et sollt nëmme fir 8. Deeg sinn, an dach stoungen Mando Diao mat hirer Single „Gloria“ vum 23. Mee 2009 un op der Plaz Nummer 1 vum Eldo Chartbreaker. De Song vum Album „Give Me Fire!“ hat iwwert eldo.lu déi meeschte Stëmme kritt. Um Album drop war e weidere Number One Hit. De Song “Dance With Somebody”.
Dem Cro säin Hit “Traum”, déi éischte Single aus sengem 2. Album „Melodie“ ass um 23. Mee 2014 fir e ganze Mount an den däitschen Charts un d’Spëtz geklommen. Op der Sich no der Dramfra, huet de Mann mat der Panda-Mask et och an Éisträich an an der Schwäiz un d’Spëtz vun den Charts gepackt.
Di däitsch Eurovision Song Contest Gewënnerin aus dem Joer 2010, d’Lena Meyer-Landrut huet haut Gebuertsdag. D’Musekerin, déi de 24. Februar nach am Atelier gespillt huet, kritt haut 25. Joer.