
© FRED TANNEAU / AFP
“Blood On The Dancefloor” vum King of Pop, Michael Jackson ass um 24. Mee 1997 op d’1 vun den Charts zu Lëtzebuerg geklommen an domat zur Number One am Eldo Chartbreaker ginn. 5 Woche laang sollt de mëttlerweil verstuerwene Museker un der Spëtz bleiwwen. De Song war den éischten Hit vu sengem Remix Album „Blood on the Dance Floor – HIStory in the Mix“ dee 97 erauskomm ass. Original war de Song 1991 eraus komm.
Mir bleiwen am Joer 97, do huet et e One Hit Wonder op d‘1 vun de US Single Charts gepackt. “MMBop” vun den Geschwëster Hanson ass fir 3. Wochen op d’1 geklommen. Et war déi éischten Hanson Single an déi eenzeg ,déi grouss eraus komm ass.
De Bob Dylan huet haut Gebuertsdag. Den US Amerikanesch Folk- a Rockmuseker kritt 75 Joer. Seng grouss Joren hat hien an de 60er. Iwwer 100 Milliounen Alben a Singlen huet hien 5 Joerzéngten op der ganzer Welt verkaf. Mëttlerweil schreift hien och Bicher.