
© PATRICK DOMINGO / AFP
2 Number One Hits an Däitschland op engem 25. Mee. Virun 24 Joer si Snap! mat „Rhythm Is a Dancer” fir iwwer 2 Méint a ganzer 10 Wochen un d’Spëtz vun den däitsche Single Charts geklommen. “Rhythm Is a Dancer” war vum däitschen Electronica Duo eraus bruecht ginn a sollt op der ganzer Welt erfollegräich ginn. An England ass de Song esou guer méi erfollegräich gewiescht wéi dem Whitney Housen säin „I Will Always Love You“.
A viru 4 Joer hunn d’Toten Hosen d’Plaz ganz uewen an den däitsche Single Charts ageholl. „Tage wie diese“ war déi éischte Singleauskoppelung aus hirem Album „Ballast der Republik“ a sollt 5. Wochen un der Spëtz vun den Charts bleiwen. 85. Woche sollt d’Lidd an den Charts bleiwen.
An Haut virun 18 Joer hu Coldplay hir aller éischten EP iwwerhaapt erausbruecht. 3 Lidder waren op der EP mam Numm Safety drop. Haut gëllt d’EP als Raritéit a gëtt haut fir ronn 2.000 £ op Ebay ugebueden.
D’Sängerin vun der däitscher Band Guano Apes, d’Sandra Nasic feiert haut säi 40. Gebuertsdag. D’US amerikanesch Sängerin Lauryn Hill kritt der 41.