This Day In MusicNelly Furtado, Flo Rida & Lenny Kravitz

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

26.05.2016, 04:46:34

© MARC TIRL / DPA / AFP

2. Chartbreaker Number One Hits op engem 26 Mee an de leschte Joren. 9 Joer ass et hir, dat d’Nelly Furtado mat sengem “Say It Right” d’Plaz 1 vum Chartbreaker ageholl huet. De Song war um Album “Loose” drop, deen e Joer virdrun eraus komm ass a richteg gutt Kritike kritt hat. Um Longplayer drop waren och d'Singlen „Maneater“ an „All Good Things“ drop. “Say It Right” sollt fir e Grammy nominéiert ginn.

 

Och op d’1 vum Chartbreaker huet et de Flo Rida mat sengem “Whistle” gepackt. Dat ginn haut 4 Joer. De Song vum Flo Rida sengem 4. Album „Wild Ones“ ass fir 2. Wochen op der 1 bliwwen an huet et praktesch op der ganzer Welt an d’Top 10 vun den Charts gepackt.

 

De Lenny Kravitz huet haut Gebuertsdag. Den US Amerikanesche Museker a Schauspiller kritt haut 52 Joer. De Kravitz huet tëscht 1999 an 2002 4 um Stéck de Grammy Award an der Kategorie „Best Male Rock Vocal Performance“ gewonnen.