
© TIMOTHY A. CLARY / AFP
En LaBelle Hit aus dem Joer 1975 ass haut viru 15 Joer nei eraus bruecht ginn an huet direkt d’US Single Charts ageholl. De Song „Lady Marmalade“ vum Christina Aguilera, dem Lil’Kim, dem Mya an dem Pink sollt 5. Wochen un der US Single Charts Spëtz bleiwen. D’Lidd war Soundtrack zum Film Moulin Rouge, deen an dem Joer eraus komm ass. Virun allem de Clip zu der Single huet eng sellege Präisser gewonnen. 5,2 Millioune mol huet d’Lidd sech verkaf.
De Red Hot Chili Peppers Album “Stadium Arcadium”, der Band hire 9. Album ass haut virun 10. Joer fir 2. Wochen un d’Spëtz vun de UK Album Charts geklommen. Eigentlech wollt d’Band ëm de Sänger Anthony Kiedis de Longplayer an 3. Deeler erausbréngen, all 6. Méint een, ma um Enn hu Si sech awer dofir entscheet en Duebele-Longplayer eraus ze bréngen. 28 Lidder waren drop. Dorënner d’Hits „Dani California“, „Tell Me Baby“ a „Snow (Hey Oh)“.
De Rapper vun vum US Duo Outkast, den André 3000 huet haut Gebuertsdag. Gebuert ënnert dem Numm Andre Benjamin kritt hien 41 Joer. 6 Grammy Awards hunn Outklast gewonnen. 6 Alben hu se erausbruecht an ee Greatest Hits Album. Zu gréissten Hits gehéieren d’Single “Mrs. Jackson“, „Hey Ya!“ an „The Way You Move“.