This Day In MusicBritney Spears, Incubus & Kylie Minogue

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 28.05.2016, 04:11:02

© MARK RALSTON / AFP

Plaz 1 an de US Album Charts um 28. Mee 2000 fir d’Britney Spears a säin „Oops!... I Did It Again” Album, den 2. Longplayer vun der Sängerin. En Album deen iwwer 20 Millioune Sales gezielt huet an et an 13 Länner un d’Spëtz vun den Charts gepackt huet.  

Haut virun 12 Joer hunn Incubus zu Lëtzebuerg am Atelier gespillt. Di US Amerikanesch Band hat am Februar vum Joer 2004 hiren 5. Studioalbum „A Crow Left of the Murder...“ eraus bruecht an ass domat an der Heemecht op d‘2 vun den Album Charts geklommen. Hiren eenzegen US Top Hit war am Joer 2002 um Album „Morning View“ drop, dat war d’Single „Drive“. E Song dee Si och zu Lëtzebuerg gespillt hunn.

Di australesch Musekerin Kylie Minogue huet haut Gebuertsdag. D’Kylie Minouge gëtt 48 Joer al. Mat „I Should Be So Lucky“ huet d’Musekerin am Joer 1988 en éischte Number One Hit gelant. Iwwer 40 Top Hits eleng a Groussbritannien sollte nokommen. Iwwer 70 Milliounen Singlen an Alben huet d’Musekerin bis haut verkaf.