
© THOMAS SAMSON / AFP
27 Joer ginn et haut um 29. Mee dat de Roxette Hit „The Look“ un d’Spëtz vun den däitsche Single Charts geklommen ass. Fir 5. Woche sollten d’Schweden ganz uewe bleiwen. De Song vum Duo war op hirem 2. Album „Look Sharp!“ drop a sollt fir hiren internationalen Duerchbroch suergen. A 26 Länner ass d’Lidd un d’Spëtz vun den Charts geklommen.
11 Joer ginn et haut dat den éischte Gorillaz Album „Demon Days“ an de UK album Charts un d’Spëtz geklommen ass. Ënnert anerem „Feel Good Inc.“ An „DARE“ waren um Longplayer vun der viruteller Band drop. D’Gorillaz hu sech hannert animéierte Figure verstoppt. Iwwer 7 Millioune mol huet sech den Album verkaf. Haut steet en am Guinness Buch vun de Rekorder, fir de gréisste Succès vun enger virtueller Band.
D’Arctic Monkeys waren haut viru 9 Joer bei eis am Land op Besuch. Am Kader vun hirer „Favourite Worst Nightmare Tour“, der Tour déi no hirem 2. Album benannt war, hu Si am Atelier gespillt. Op der Setlist stoung e.a de gréissten Hit vun dem Longplayer, d’Single „Fluorescent Adolescent“ ma awer och d’Lidd „I Bet You Look Good on the Dancefloor“ a „When The Sun Goes Down”.
De Noel Gallagher, fréiere Member vun Oasis an aktuellen Leadsänger vun de Noel Gallagher’s High Flying Birds huet haut Gebuertsdag. Hie kritt 49 Joer. 41 Joer kritt dann haut d’Mel B., freiere Spice Grils Member.