
© STAN HONDA / AFP
Eent an Däitschland an dat fir 8. Wochen fir den Akon a säin Hit „Lonely“. Et gouf och en Echo Award fir de Senegalesesch-Amerikaneschen R&B Museker. Den Hit war op sengem Debutalbum „Trouble“ drop an ass den USA op d’Plaz 4. vun den Charts geklommen.
E Radiosender vun Chicago huet haut virun 9 Joer den deemools neien The White Stripes Album zougespillt kritt, an dat virum Release. Den Album mam Titel „Icky Thump“ war also geleaked ginn. D’Radiostatioun huet den Album gespillt an dat ass och dem Duo The White Stripes zu Oueren komm. Déi ware grad a Spuenien op Tour. Vun do huet den Jack White direkt op de Sender ugeruff a sengem Ierger loft gelooss.
Eng Liicht méi skurril Story vum Enrique Iglesias, haut virun engem Joer. Bei engem Concert a Mexiko wollt hien eng Dron fänken, déi ouni Erlaabnis iwwert d’Bühn geflunn ass a Fotoe gemaach huet. Dobäi huet hie sech uerg um Fanger verletzt an huet no enger éischter Behandlung mat bluttverschmiertem T-Shirt a Fanger weidergesongen. 4 Deeg duerno sollt hien um Fanger operéiert ginn.
De Cee-Lo Green gëtt haut méi al. Gebuert ënnert dem Numm Numm Thomas Callaway kritt hien haut 42 Joer. Als Member vum Duo Gnarls Barkley hat hien Succès ma awer och eleng huet hien mat der Single „F**k You“ en Hit gelant gehat.