
© Eldoradio
Spëtzepositioun an den Däitsche Single Charts um leschte Mee 1999 fir de Lou Bega a säi Mambo No. 5. Dee Song sollt 11 Wochen op der 1 bleiwen. D’Lidd vum Album „A Little Bit of Mambo“ war am Original am Joer 1949 vun engem Cubaner performt ginn.
Virun 3 Joer sollten Daft Punk a „Get Lucky“ di Positioun fir 2 Wochen anhuelen. De franséischen House Duo ass fir d’Single mam Grammy fir de Record of the Year ausgezeechent ginn. An iwwer 30 Länner ass de Song un d’Spëtz vun den Charts geklommen. Verkaf gouf “Get Lucky” iwwer 9 Millioune mol.
9 Joer ginn et haut, dat Wolfmother zu Lëtzebuerg gespillt hunn. 14 Songs hu Si dem Public am Atelier presentéiert, dorënner och "Joker & The Thief" als leschte Song vum Owend.
A 7 Joer ginn et, dat The Script am Atelier op der Bühn stoungen. Déi iresch Museker waren an de Woche virdrun mat hirem Debutalbum „The Script“ erfollegräich. Drop um Longplayer sinn d'Hits "We Cry" an „The Man Who Can’t Be Moved“.