This Day In Music - 18. SeptemberVillage People, Britney Spears & Nirvana

Haut op engem 18. September...

18.09.2017, 12:15:57

© afp

Haut virun 9 Joer kréie VILLAGE PEOPLE hire Stär um Hollywood Walk of Fame. 1978 war Y.M.C.A. op der 1 an Däitschland, de Uk, Schwäiz a Schottland. An de States iwwregens just op der 2. Ganzer 30 Wochen ass de Song an den Top 50 vun den Charts bliwwe.

Britney Spears bestuet de Kevin Federline. Privat doheem. D’Zeremonie dauert just 5 Minutte. Et ass dat 2ten Bestietnis vun der Mme Spears bannen 9 Méint.

An dann huet d’britesch Musekszäitschrëft NME virun 5 Joer den John Lennon als de gréisste Rockmuseker vun allen Zäite gewielt. Direkt dono kënnt de Liam Gallagher vun Oasis an op der 3 den David Bowie. Iwwerraschend, d’Gesiicht vu Nirvana, de Kurt Cobain lant just op der 5. Eng Plaz virun him placéiert sech nach den Alex Turner. Sänger vun den Arctic Monkeys. Gewielt hunn iwwer 160 000 Lieser. D'Zäitschrëft hat nach laang mam Shitstorm vu Kurt Cobain - Fans ze kämpfen déi hire Star op der 1 gesinn hunn.