This Day In Music - 19. SeptemberKylie Minogue, Radiohead, Robbie Williams a Status Quo

Haut op engem 19. September...

Leschten Update: 19.09.2017, 00:00:03

© afp

Haut viru 18 Joer start d'Kylie Minogue mat senger Single "BETTER THE DEVIL YOLU KNOW" an de UK Charts duerch. Et ass di 100ste Produktioun vun de Produzente "Stock a Waterman" di an de UK Charts lant: Rekord.

Op engem 19te September 1992 filme Radiohead de Video zu hirer neier Single Creep live während enger Show am engleschen Oxford. Eigentlech sollt Creep guer net ausgekoppelt ginn. Wéi Radiohead sech awer zur Auskopplung decidéiert hunn, ass e Welthit entstanen.

An nach en Här deen duerchstart. De Robbie Williams packt et an de UK di éischte Kéier op d'1 vun de Single Charts. Seng Hitsingle MILLENIUM lant 1998 op der 1.

Status Quo ginn dann haut virun 12 Joer offiziell an d’Guiness Buch vun de Rekorder opgeholl. Keng aner Band wéi Status Quo hate souvill Singlen an de UK Charts. 61x si si an de UK Charts opgedaucht. Queen hat der 52, D'Rolling Stones 51.