This Day In Music - 27. SeptemberAvril Lavigne, U2 & Co.

Haut op engem 27. September...

Leschten Update: 27.09.2017, 00:00:04

© TASSO MARCELO / AFP

"Alles neu" packt et virun 10 Joer op d’1 Vum Eldo Chartbreaker.  2 Joer drop trëtt hien um Rock a Field op. Egal op um Elake oder Events am Atelier, de Peter Fox a seng Band si gär gesinn zu Lëtzebuerg. Hire Stil kënnt un. Lescht Joer nach ware si am Atelier an hunn di kleng Bühn mat Bléiser gefëllt. Eng onvergiesslech Show.

Gebuertsdag huet haut d’Avril Lavigne. Och di jonk Kanadierin war schonn zu Lëtzebuerg. 33 Joer kritt d’Mme haut. Musekstechnesch ass et ëm d’Avril LAvigne méi roueg ginn. Hat setzt sech sozial ënnert anere fir Amnesty International an. Op en MTV Video Music Award, Echo, MTV Europe Music Award oder World Music Award, alles huet d’Avril doheem stoen. 

An haut virun elo scho 17 Joer performen U2 2 Songs vun hirem neien Album am Londoner Clearance Hotel, engem Komplex deen der Band gehéiert. Beautiful Day an Elevation gi sou opgeholl fir bei der englescher Versioun vun „Top Of The Pops“ gewisen ze ginn.  Beautiful Day ass dat éischte Stéck um Album ALL THAT YOU CAN'T LEAVE behind. Beautiful Day ass bis haut den erfollëgsraichste Song vu U2. Et war de scho 4ten Nr.1 Hit vu U2.

31 Joer sinn et hier dass et e Schicksalsschlag fir Metallica ginn ass. De Cliff Burton ass bei engem Accident mam Tourbus ëm d’Liewe komm. Dat ganzt ass am Süde vu Schwede geschitt. Neie Bassist ass den Jason Newsted ginn deen d’Band am Joer 2001 awer nees verlooss huet.