
© pexels.com
Do freeën ech mech all Kéiers wann ech déi Single héieren. Klangkarussel landen haut viru 5 Joer op der 1 am Chartbreaker. Dacks bleift eng Single jo net laang vir, Klangkarussel koum awer zu richteger Zäit. Dank dem Spéit-Summer a bleift Sonnentanz 3 Wochen op der 1.
1991 starte Metallica hier WHERE WE MAY ROAM Tour. Ganzer 138 Datumer si geplangt. Ausverkaaften Halen a Stadien. Di nooste Plaz wou se bei ons an der Géigend spillen ass wuel hier 2 Deeg zu Dortmund. Si kommen awer och op Paräis oder d’Belsch. Silvester spillen si e Gig zu Tokio.
Kelly Clarkson hutt jo bis haut eng Partie Nr1 Hits. Och wann et net méi un di ganz grouss Hits uknäppe ka lancéiert hat 2020 säin A Moment like This. Nr1 an den USA. Net schlecht fir eng Pop Idol Gewënnerin. My Life would suck without you bleift awer bis haut säin erfollegräichsten Hit.