
© afp
Haut virun 10 Joer landen d'Foo Fighters mat hierem Album Echoes Silence Patience & Grace en Nr 1 Hit Album an de UK an a 7 anere Länner. Et ass de 6te Studio Album vun de Foo Fighters, awer eréischt den 2ten Nr1 Hitalbum an de UK. Long Road to Ruin leeft bis haut och bei eis mat groussem Succès.
Den Elton John huet da virun 13 Joer e bëssi Suen oder Plaz gebraucht. Et gouf op jiddwer Fall eng Steeë op der privat Saache vum Sir Elton John ze kréie ware. 1,4 Mio Pond si verdéngt ginn, ënnert anerem mat engem Molerei aus dem Joer 1817 déi fir 55000 Pond de Besëtzer gewiesselt huet. Den Elton John ass nämlech och en begeeschterte Sammler vu Skulpturen an Tableauen.
Coolen Hit haut op der 1 och an de Billboard Charts. Kenne ma all, hu ma all scho matgesongen? Bonnie Tyler mat Total Eclipse of the Heart lant 1983 op der 1 an de UK.
Weiderhin och op der 1, dem Justin Timberlake säin Future Sex Lovesounds Album. Sexy Back stoung haut virun 11 Joer och bei ons op der 1.
Fir de Comeback Album vum Timberlake huet et aus Auszeechnungen nëmmen sou gereent. E Grammy, en Danis Music Award fir den Album vum Joer, en American Music Award an en Echo gouf et. E gelongene Comeback.