This Day In Music - 04. OktoberCraig David, Queen & Co.

Haut op engem 4. Oktober...

Leschten Update: 05.10.2017, 16:04:12

Haut viru genee 17 Joer start de Craig David duerch. Hie gëtt an de UK als beschte RB Newcomer ausgezeechent a kritt e Präis fir di beschte Single vum Joer. Seng Mamm zwéngt hie 97 un engem Singer a Sangwriter-Concours deel ze huelen. Mat Succès. Hie gëtt entdeckt an huet kuerz drop éischt Optrëtter. An engem Club zu Southampton kënnt hien a Kontakt mam DJ Duo Artful Dodger, si ënnerstëtzen hien a kuerz drop kënnt de Kontrakt mat Warner Music. 2002 hëlt hien zs mam Sting de Song Rise And Fall op.

Nr 1 Hit Single an de Billboard Charts haut: Queen an hieren Another one bites the Dust. 1980 gëtt dee Song zu meescht verkaafter Single an Amerika. Wochelaang steet de Song hei op der 1. An de UK geet et just duer fir Plaz 7.

 

Oktober 2010. Op der 1 am Eldo Chartbreaker, den Israel Kamakawiwo ole mat séngem Megahit Somewhere over the Rainbow. Fir 9 Wochen hannertenee bleift de Song op der 1. Am ganzen war en 12 Wochen op der 1 a gouf den Hit vum Joer 2010.