This Day In Music - 05. OktoberMaroon 5, Bob Geldorf & Co.

Haut op engem 5ten Oktober...

05.10.2017, 16:05:11

© piqs.de

Si sinn eng richteg Hitmaschinn. Maroon 5. Mat spillen deet do ënnert anerem den James Valentine. Ëmmer nees packen si et op d‘1 och  am Eldo Chartbreaker. 2004 hunn si di éischte Kéier eng Nr1 galant. Den Album Songs about Jane lant direkt op der 1.   Direkt fir hiren éischten Album gouf een MTV Europe Music Award, 2 Video Music Awards, e Grammy an 2 Billboard Music Awards.

Gebuertsdag haut och fir de Bob Geldorf. Den Ir kritt haut 66 Joer. En éischte Succès gelénkt him 1979 wéi I DON’T LIKE MONDAYS vun de Boomtown Rats op der 1 vun den Charts lant. De Geldorf selwer war hei als Leadsänger aktiv. Do dernieft setzt hien sech politesch an. Hien ass di dreiwend Kraaft hannert dem Projet BAND AID dee jo ëmmer nees aktiv ass. Bis haut kommen duerch den „Do they know it’s Chritmas“ Band Aid Song Milliounen zesummen.

Top of the Pops Show publizéiert eng Top 40 Lëscht mat deene Songs di sech am längsten an den Charts vun Top of the Pops gehalen hunn. Top of the Pops wor di meescht gekuckte Museks-Show an England, déi no an no a ganz Europa an an der Welt ausgebreet gouf. Am längsten hutt sech demno “Relax” vu Frankie goes to Hollywood an hire Charts gehalen. Direkt dono koum „She loves you“ vun de Beatles an „My Way“ vum Frank Sintra.